Beschreibung
Mir wëlle bleiwe wat mir sinn gëtt am Feierwon gesongen, mee wat si mir dann iwwerhaapt? Genee dës Fro stelle sech de Félix a seng Schwëster Mimi. Si wëlle méi iwwert hir Heemecht Lëtzebuerg wëssen an erausfannen. Wärend engem Schoulausfluch maachen dGeschwëster Bekanntschaft mat enger Lëtzebuerger Berüümtheet, déi mat hinnen eng eemoleg Rees duerch de Grand-Duché mécht. Zesummen entdeckt den Trio dat klengt Lëtzebuerger Land, vun der Stad an de Minett, laanscht dMusel a bis erop an dÉislek - een onvergiesslecht Abenteuer!