Beschreibung
Um ale Schëff am Park vun der Stad Lëtzebuerg fillen sech zwee Bridder wéi schro Piraten. Iwwer dem Spillen entdecke si en aalt Stéck Pergament mat enger Schatzkaart. Eenzock maachen si sech op dSich, ma scho geschwë fänke si u mat streiden Si trennen sech a jiddereen hofft, fir déischt beim Schatz ze sinn. Si musse Rätsele léisen a Kaarten nogoen a léieren esou villes iwwer déi al Stad an hir Geschicht. Zu gudder Lescht verdroen si sech erëm an zesumme fannen si dann och déi faméis Këscht mat de Goldstécker.